Annonce vun der Finalisatioun vum 'Single User Login'

This page is a translated version of the page Single User Login finalisation announcement and the translation is 100% complete.
Fir déi rezenst Entwécklunge vun dëser Funktioun, kuckt mw:SUL finalisation.

D'Entwécklungséquippe vun der Wikimedia Foundation mécht e puer Ännerungen, déi d'Funktionsweis vu Benotzerkonte betreffen. Dat geschitt als Deel vun eise kontinuéierleche Beméiungen, nei a besser Funktiounen (wéi Notifikatioune vun enger Wiki an eng Aner) fir eis Benotzer ubidden zu kënnen. Dës Ännerunge hunn als Konsequenz, datt d'Benotzer iwwerall deeselwechte Benotzernumm hunn. Doduerch kënne mir Iech nei Funktiounen zur Verfügung stellen, déi d'Méiglechkeete beim Änneren a bäi Diskussioune verbesseren. Et ginn och méi flexibel Benotzerrechter fir Toolen zur Verfügung gestalt. Eng Bedingung dofir ass, datt et all Benotzerkont nëmmen eemol op den iwwer 900 Wikimedia-Wikie ginn däerf.

Leider gëtt et e puer Benotzerkonten, déi et net nëmmen eemol op all eise Wikie gëtt, mä déi et op verschiddene Wikie fir verschidde Leit gëtt. Fir sécherzestellen, datt all dës Benotzer d'Wikimedia-Wikien an Zukunft och benotze kënnen, musse mir eng Rei vun dëse Konten ëmbenennen, sou datt "~" an den Numm vun hirer Wiki un de Schluss vum Benotzernumm drugehaang ginn. Dëst geschitt am Abrëll 2015. Sou géif beispillsweis e Benotzer vum schwedesche Wiktionnaire mam Numm "Max Mustermann" a "Max Mustermann~svwiktionary" ëmbenannt ginn.

All Benotzerkonte wäerte genee esou fonctionnéiere wéi virdrun, an all d'Ännerungen déi domat gemaach ginn, gi weider esou gezielt wéi bis elo. Awer Benotzer mat ëmbenannte Benotzerkonnten (déi vun eis eenzel kontaktéiert ginn) mussen den neien Numm vum Benotzerkont benotze fir sech anzeloggen.

D'ëmbenenne vu Benotzer ass lokal net méi méiglech fir ze verhënneren datt Benotzerkonte déi global waren duerch e lokalt Ëmbenennen net méi verbonn sinn. Benotzer kënne froe fir ëmbenannt ze gi mat Hëllef vun Special:GlobalRenameRequest op hierer lokaler Wiki oder hei op Meta ze froe fir hire Benotzerkont ëmzebenennen, wa si mat hirem neie Benotzernumm net zefridde sinn.

Kuckt och