Annonce vun der Finalisatioun vum 'Single User Login'/Perséinleche Message

This page is a translated version of the page Single User Login finalisation announcement/Personal announcement and the translation is 50% complete.
Outdated translations are marked like this.

Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt

Bonjour,

D'Entwécklungséquippe vun der Wikimedia Foundation mécht e puer Ännerungen, déi d'Funktionéiere vu Benotzerkonten uginn. Dëst geschitt als Deel vun eise kontinuéierliche Beméiungen, fir eise Benotzer nei a besser Funktiounen (wéie Notifikatiounen vun enger Wiki op eng Aner) zur Verfügung ze stellen. Dës Ännerungen hunn als Konsequenz, datt d'Benotzer iwwerall deeselwechte Benotzernumm hunn. Doduerch kënne mir Iech nei Funktiounen zur Verfügung stellen, déi d'Méiglechkeete beim Änneren a bäi Diskussioune verbesseren. Et ginn och méi flexibel Benotzerrechter fir Tools zur Verfügung gestallt. Eng Bedingung dofir ass, datt Benotzerkonten elo eendeiteg iwwer all 900 Wikimedia-Wikien zougedeelt musse sinn. Méi Informatioune fannt Dir op dëser Säit.

Leider huet Äre Benotzerkont eng Nummkollisioun mat engem anere Benotzerkont mam Numm {{subst:PAGENAME}}. Fir sécherzestellen, datt weiderhin déi zwee Benotzer op de Wikimedia-Projete schaffe kënnen, gëtt Ären Numm op {{subst:PAGENAME}}~{{WIKI}} ëmbenannt. Äre Benotzerkont wäert am August 2013 zesumme mat anere Benotzerkonten ëmbenannt ginn.

Äre Benotzerkont wäert weiderhi wéi gewinnt funktionéieren an Dir gitt als Auteur vun allen Ännerungen déi Dir bis elo gemaach hutt genannt ginn, awer Dir musst beim Aloggen deen neie Benotzernumm benotze mussen. Wann Iech Ären neie Benotzernumm net gefält, kënnt Dir mat dësem Formulaire ufroe fir nach emol ëmbenannt ze ginn.

Entschëllegt w.e.g. d'Ëmstänn déi dëst Iech mécht.

Yours,
Keegan Peterzell
Community Liaison, Wikimedia Foundation