Spendenopruff 2012/Iwwersetzung/Opruff vum Jimmy

This page is a translated version of the page Fundraising 2012/Translation/Jimmy Appeal and the translation is 100% complete.

NOTE TO TRANSLATORS

This letter is a new translation request, but re-uses large parts of the 2011 Jimmy Appeal, with slight modifications in the second version.

https://meta.wikimedia.org/wiki/Fundraising_2011/Jimmy_Letter_002/en

If the 2011 Jimmy Letter has been translated into your language, you can probably re-use much of it for this translation. :-) Jseddon (WMF) (talk) 18:37, 27 September 2012 (UTC) [reply]

Version 1 (Millions)

Google huet bal eng Millioun Server. Yahoo huet ongeféier 12.000 Employéeën. Mir hu ronn 800 Server an 150 Employéeën.

Wikipedia ass dee Site um Internet deen am 5. heefegste besicht gëtt a vu 450 Millioune verschiddene Leit all Mount benotzt gëtt - mat e puer Milliarde Säiten déi gekuckt ginn.

Commerce ass an der Rei. Reklamm ass näischt Béises. Awer et gehéiert net heihin. Net op Wikipedia.

Wikipedia ass eppes Extraes. Et ass wéi eng Bibliothéik oder en ëffentleche Park. Et ass wéi en Tempel fir de Geescht, eng Plaz wou mir all kënne goe fir nozedenken an ze léieren, fir eist Wësse mat Aneren ze deelen.

Wéi ech Wikipedia gegrënnt hunn, hätt ech doraus eng profit-orientéiert Firma mat Reklamme maache kënnen, awer ech hunn decidéiert fir et anescht ze maachen. Mir hu während Joren haart geschafft fir Wikipedia schlank a kompakt ze halen. Mir erfëllen eis Missioun an iwwerloossen et Anere fir Ressourcen ze verschwenden.

Wa jiddereen deen dëst liest en Don vun $5 maache géif spenden, da bräichte mir nëmmen een Dag am Joer Suen ze sammelen. Awer net jidderee kann oder well spenden. An dat ass an der Rei. All Joer decidéiere genuch Leit eppes ze ginn.

Iwwerleet Iech ob Dir dëst Joer en Don vun $5, $20, $50, oder dee Betrag deen Dir Iech leeschte kënnt, maache kënnt fir Wikipedia ze schützen an z'ënnerstëtzen.

Merci

Jimmy Wales
Grënner vu Wikipedia

Version 2 (Thousands)

Google a Yahoo hunn dausende Server an Employéeën. Mir hunn ongeféier 800 Server an 150 Employéeën.