This page is a translated version of the page WikiForHumanRights and the translation is 100% complete.


Header for Wiki for Human Rights 2022 Meta Page: Right to a Healthy Environment GIF
Header for Wiki for Human Rights 2022 Meta Page: Right to a Healthy Environment GIF
#WikiForHumanRights 2023: Right to a healthy environment

WikiForHumanRights 2023: D'Recht op eng gesond Ëmwelt

D'Zil vun der Campagne #WikiForHumanRights ass et dofir ze suergen, datt jiddereen Zougang zu neutralen, op Fakte baséierten an aktuellen Informatiounen iwwert eist Recht op eng gesond Ëmwelt huet. D'Recht op eng gesond Ëmwelt ass ee vun der UNO unerkanntent Recht (D'Mënscherecht op eng propper, gesond an nohalteg Ëmwelt), mee och eng Méiglechkeet fir d'Mënscherechter an déi dräifach planetaresch Kris ze verbannen, mat där mir konfrontéiert sinn: Klimawandel, Ëmweltverschmotzung a Biodiversitéitsverloscht. Wéi den UN-Ëmweltprogramm betount: Mir musse Fridde mat der Natur schléissen an d'Mënscherechter mussen am Mëttelpunkt vun eise Léisunge stoen.

D'Roll, déi d'Wikipedia spillt, war nach ni esou wichteg wéi elo. Jiddereen, egal wou op der Welt, brauch Zougang zu Informatiounen doriwwer, wéi de Klimawandel oder d'Ëmweltzerstéierung sech op hiert Liewen auswierkt. Mir kënnen d'Wëssen iwwert déi natierlech Systemer steigeren, déi jiddwer Mënsch brauch fir d'Waasser, wat mir drénken, d'Loft, déi mir ootmen, d'Liewensmëttel, déi mir iessen, an d'Ressourcen, déi mir brauchen. Mat #WikiForHumanRights konzentréiere mir eis dëst Joer dorop, wéi lokal Communautéite vun deenen drängensten Ëmweltproblemer an hirem Ëmfeld beaflosst ginn, ënner Berücksichtegung vun der dräifacher planetarescher Kris, déi vun der UNO identifizéiert gouf: Klimawandel, Biodiversitéitsverloscht an ËmweltvBerücksichtegungerschmotzung.

Informatioune spillen eng entscheedend Roll, wann et dorëms geet, wéi mir gemeinsam an der Lag sinn dës mateneen zesummenhänkend Krisen net nëmmen ze verstoen, mee och d'Ursaachen anzedämmen an eis op eng gesond Zukunft fir jiddereen ofzestëmmen. D'Verwierklechung vum Mënscherecht op eng gesond Ëmwelt erméiglecht et deenen, déi am stäerkste vun Ëmweltschied wéi Ëmweltverschmotzung, Klimawandel a Biodiversitéitsverloscht betraff sinn, d'Ëmwelt ze verdeedegen, sech un Entscheedungsprozesser ze bedeelegen an Zougang zur Justiz an dem Schutz vu Mënscherechter ze kréien. Andeems mir d'Lacune vun der Wikipedia zu dësen Theemen opfëllen, hëllefe mir dem Public déi Dausende vun Decisiounen ze huelen, déi néideg si fir dës drängend Ëmweltkrisen unzegoen.

Sou bedeelegt Dir Iech un der Campagne!

Maacht bei engem Evenement mat, dat vun der Communautéit organiséiert gëtt!

Féiert eng Aktivitéit duerch!

Hutt Dir Froen un eis?

Kuckt de Campagnevideo vu WikiForHumanRights 2023

Theemen am Fokus:

Wann et ëm d'Recht op eng gesond Ëmwelt geet, konzentréiert sech d'UNO op déi Dräifach Planetaresch Kris. Dozou gehéieren:

  • D'Wichtegkeet vun Ëmweltgerechtegkeet, Klimagerechtegkeet an den op Mënscherechter baséierten Approchë fir lokal, national an international Moossnamen a Bezuch op d'Klimakris.
  • D'mënschlecht Wuelergoen ugesiichts vum Ëmweltschued duerch Verschmotzung, mat enger besonnescher Berücksichtegung vum direkten Impakt op aner Mënscherechter (d. h. Verschmotzung a Gesondheet, Recht op Waasser etc.).
  • Biodiversitéit a Mënscherechter – verstoen, wéi d'Wuelbefanne vun de Mënsche vun engem aarteräichen, natierlechen Ekosystem ofhänkt.

D'Optaktveranstaltung den 18. Abrëll an den 2023er Schreifconcours hunn e besonnesche Schwéierpunkt op Ëmweltsverschmotzung a gëftegen Offall. D'regional Campagnen dëst Joer beschäftege sech all mam Wëssen an de Froestellungen, déi fir hire lokale Kontext wichteg sinn.


Zäitpläng

  • Global Campagnenaktivitéiten (Content Drives wéi Edit-a-thons, Translatathons, Schreifconcoursen, Foto-Spadséiergäng etc.; Webinaren; Workshoppen a Konferenzen) – Abrëll-Juni 2023
  • Regional Spriechzäiten – Januar - Februar 2023
  • Sessioune fir den Opbau vu Kapazitéiten – Februar - Mäerz 2023
  • Networking-Sessioun – Februar - Juni 2023
  • Internationale Optakt-Webinar – 18. Abrëll 2023
  • Internationale Schreifconcours – 15. Abrëll - 15. Mee 2023
  • Jugendprogramméierung – Februar - Abrëll 2023
  • Rapid-Grant-Demanden – Zyklus 7. Januar - Mäerz 2023 mat Echeance fir den 30. Januar an Zyklus 8. Mäerz - Mee 2023 mat Echeance fir den 20. Mäerz 2023. Fir méi Detailer, kuckt wgl. hei.