Fundraising 2010/Lilaroja Appeal/lb


Liest w.e.gl.:

  • E perséinlechen Opruff

vun der Wikipedia-Autorin Lilaroja

  • E Message vun der Wikipedia-Autorin Lilaroja

En Dollar, e Liebesbréif an e gebrachent Häerz.

Als fräiwëlleg Mataarbechterin bei der Wikimedia Foundation zu San Francisco liesen ech eng etlech E-Mailen a Bréiwer, déi d'Leit schreiwen, wa mer all Joer eis Ënnerstëtzungs-Campagne lancéieren.

Et gesäit ee gläich, dass d'Leit net just hir Sue schécken, mä dat mat Léift maachen. E Kand, dat eis mat Freed een Dollar vu sengem Täschegeld iwwerweist. E Scheck, op deem e Post-it pecht wou just drop steet: "I LOVE WIKIPEDIAAAAA!!!" Hei an's do deet et engem och déck, déi Messagen ze liesen.

Ech wäert ni vergiessen, wéi ech vum Papp an der Mamm vun engem Jong gelies hunn, dee kuerz virdrun un enger rarer Krankheet gestuerwen war. Si hunn aus Dankbarkeet en Don gemaach, dofir, datt d'Wikipedia en Artikel hat, deen aner Leit iwwer déi Krankheet informéiert huet, déi hirem Jong d'Liewen ewechgeholl hat.

Wikipedia - dat bedeit vill verschidde Saachen fir eis all, déi mer se benotzen. Wat och ëmmer Äre perséinleche Bezuch derzou ass - Dir sidd Deel vun dëser magescher Communautéit. Iwwer 400 Millioune Leit gebrauchen d'Wikipedia an hir Sëschter-Projeten all Mount - dat ass bal een Drëttel vun alle Mënschen, déi en Uschloss un d'Internet hunn!

Dëst ass déi Zäit am Joer, wa Leit vun iwwerall aus der Wikipedia-Communautéit zesummekommen, fir ze hëllefen, eise gemeinsame Projet ze ënnerstëtzen, andeems se en Don maachen, sief et $20, €30, ¥4.000, oder wat och ëmmer se kënnen, fir datt d'Wikipedia fräi bleift.

Grad esou, wéi mer d'Wikipedia Wuert fir Wuert opgebaut hunn, kënne mer se Don fir Don staark halen.

Ech hoffen, Dir huelt Iech elo een Ament Zäit, fir der Wikipedia Är Appreciatioun ze schécken.

Merci,

Lilaroja Oliva, Spuenien.