Technologie/Server-Ëmsttellung 2018
Dëse Message an enger anerer Sprooch liesen • Please help translate to your language
D'Wikimedia Fouhdation test hiren zweeten Data-Center. Dëst garantéiert datt Wikipedia an déi aner Wikimedia-Wikien och am Fall vun enger Pann online bleiwe kënnen. Fir sécher ze stellen datt alles funktionéiert muss den technesche Service vun der Wikimedia-Foundation e geplangten Test duerchféieren. Dësen Test soll weisen datt et méiglech ass vun engem Data-Center op deen aneren ëmzeschalten. Et gi vill Equipe gebraucht fir deen Test ze preparéieren a fir disponibel ze si fir onerwaart Problemer ze léisen.
De gesamten Datentransfert gëtt Mëttwochs, den 12. September 2018 op den zweete Rechenzentrum dirigéiert. Mëttwochs den 10. Oktober 2018 gëtt nees op den éischte Rechenzentrum ëmgeschalt.
Leider kënnen, bedéngt duerch verschidde Limitatioune vu MediaWiki, keng Ännerunge vu Säite wärend deem Changement gemaach ginn. Mir entschëllegen eis fir déi Ënnerbriechung a mir schaffen doru fir dat an Zukunft op e Minimum ze reduzéieren.
Wärend enger kuerzer Zäit kënnt Dir all Wikien just liesen awer näischt änneren.
- Dir kënnt Mëttwochs den 12. September 2018 a Mëttwochs den 10. Oktober während maximal enger Stonn keng Ännerunge maachen. Den Test fänkt un ëm 14:00 UTC (15:00 BST, 16:00 MESZ, 10:00 EDT, 07:00 PDT, 23:00 JST, an an Neiséiland ëm 02:00 NZST Donneschdes, den 13. September, an Donneschdes, den 11. Oktober).
- Wann Dir da probéiert Eppes z'änneren da kritt Dir e Feelermessage gewisen. Mir hoffen datt wärend deene Minutte keng Ännerunge verluer ginn, awer mir kënnen dat net garantéieren. Wann Dir e Feelermessage gewise kritt da waart w.e.g. bis alles nees normal funktionéiert. Da misst et méiglech si fir Är Ännerung ze späicheren. Fir sécher ze goe rode mir Iech fir d'éischt eng Kopie vun Ären Ännerungen ze maachen, just fir de Fall wou ...
Aner Auswierkungen
- Programmer déi am Hannergrond lafen si méi lues a gi méiglecherweis guer net gestart. Rout linke ginn eventuell net esou séier wéi üblech aktualiséiert. Wann Dir en neien Artikel uleet dee schonn iergendwou verlinkt ass, da bleift de Link méi laang rout wéi üblech. Verschidde Scripten déi laang lafen, musse gestoppt ginn.
- An de Woche vum 10. September 2018 a vum 8. Oktober 2018 gëtt et e Code-Freeze. Nei Software-Versioune ginn an där Zäit net installéiert - et sief et wier net ze vermeiden.
Dëse Projet ka verréckelt ginn, wann dat sollt néideg ginn. Dir kënnt de geneeën Zäitplang op wikitech.wikimedia.org liesen. All Ännerunge ginn op dem Zäitplang matgedeelt. Et gëtt méi Notifikatiounen iwwer dëst. Mir froen Iech fir dës Informatioun an Ärer Communautéit ze deelen. /User:Johan(WMF) (talk)