Fundraising 2010/Jimmy appeal 2/lb


  • Liest w.e.gl.:
  • En dréngenden Opruff vum
  • Jimmy Wales, Grënner vun der Wikipedia
  • Ech sinn e Bénévole.

    Ech kréie keen Cent fir meng Aarbecht bei Wikipedia, grad esou wéineg wéi all déi aner Dausende vun Auteuren a Mataarbechter. Wéi ech Wikipedia gegrënnt hunn, hätt ech kënnen eng kommerziell Entreprise draus maachen, mat Reklamms-Banneren, mä ech hat décidéiert, eppes aneschters ze maachen.

    Net dass Kommerz u sech schlecht wier. Oder Reklammen eppes Béises. Mee si gehéieren net heihinner. Net an d'Wikipedia.

    D'Wikipedia ass eppes Extraes. Se ass wéi eng Bibliothéik oder en ëffentleche Park. Se ass eng Zort Tempel fir de Geescht. Eng Plaz, wou een higoe kann fir nozedenken, fir ze léieren, fir säi Wësse mat Aneren ze deelen. Et ass en eemolege Mënschheets-Projet, deen Éischte vu senger Aart an der Geschicht. Et ass en humanisteschen an humanitäre Projet, mam Zil, jidfer Mënsch op dëser Welt Zougang zu enger fräier a gratisser Enzyklopedie ze erméiglechen.

    Jidfer Mënsch.

    Wa jidferee vun de 400 Millioune Leit, déi d'Wikipedia all Mount gebrauchen, just 1 Dollar spende géif, hätte mer 20 Mol méi, ewéi mer brauchen. Mir sinn eng kleng Organisatioun, an ech hunn déi leschte Joren haart dru geschafft, fir eis Struktur liicht ze halen.

    Fir dat weider kënnen ze maachen, ouni op Reklamme mussen zeréckzegräifen, brauche mer Iech. Dir sidd et, deen dësen Dram lieweg haalt. Dir hutt d'Wikipedia mat geschafen. Dir sidd et, déi iwwerzeegt sidd, datt eng Plaz, wou ee roueg nodenken a léiere kann, et derwäert ass, erhalen ze bleiwen.

    W.e.gl. maacht dëst Joer en Don vun 20€, 30€, 50€ oder wéivill Der kënnt, fir d'Wikipedia ze schützen an ze ënnerstëtzen.

    Merci,

    Jimmy Wales
    Grënner vu Wikipedia