Technologie/Server-Ëmstellung
Dëse Message an enger anerer Sprooch liesen • Please help translate to your language
D'Wikimedia Foundation test d'Ëmschalten tëscht hirem éischten an zweeten Data-Center. Dat soll garantéieren, datt Wikipedia an aner Wikimedia-Wikien och no enger Katastroph erreechbar bleiwen. Fir sécher ze stellen datt alles funktionéiert muss den technesche Service vun der Wikimedia-Foundation e geplangten Test duerchféieren. Dësen Test soll weisen datt et méiglech ass vun engem Data-Center op deen aneren ëmzeschalten. Et gi vill Ekippe gebraucht fir deen Test ze preparéieren a fir disponibel ze si fir onerwaart Problemer ze léisen.
De gesamten Datentransfert gëtt 14 September op den éischte Rechenzenter zréck dirigéiert. Den Test fänkt un ëm [06:00 UTC 14:00 UTC] (07:00 PDT, 10:00 EDT, 15:00 WEST/BST, 16:00 CEST, 19:30 IST, 23:00 JST, an an Neiséiland ëm 02:00 NZST $date).
Leider kënnen, bedéngt duerch verschidde Limitatioune vu MediaWiki, keng Ännerunge vu Säite wärend deem Changement gemaach ginn. Mir entschëllegen eis fir déi Ënnerbriechung a mir schaffen doru fir dat an Zukunft op e Minimum ze reduzéieren.
Wärend enger kuerzer Zäit kënnt Dir all Wikie just liesen awer näischt änneren.
- Dir kënnt Dënschdeg 14 September 2021 wärend maximal enger Stonn keng Ännerunge maachen.
- Wann Dir da probéiert Eppes z'änneren da kritt Dir e Feelermessage gewisen. Mir hoffen datt wärend deene Minutte keng Ännerunge verluer ginn, awer mir kënnen dat net garantéieren. Wann Dir e Feelermessage gewise kritt da waart w.e.g. bis alles nees normal funktionéiert. Da misst et méiglech si fir Är Ännerung ze späicheren. Fir sécher ze goe rode mir Iech fir d'éischt eng Kopie vun Ären Ännerungen ze maachen, just fir de Fall wou.
Aner Auswierkungen:
- Programmer déi am Hannergrond lafen si méi lues a gi méiglecherweis guer net gestart. Rout Linke ginn eventuell net esou séier wéi üblech aktualiséiert. Wann Dir en neien Artikel uleet dee schonn iergendwou verlinkt ass, da bleift de Link méi laang rout wéi üblech. Verschidde Skripten déi laang lafen, musse gestoppt ginn.
- We expect the code deployments to happen as any other week. However, some case-by-case code freezes could punctually happen if the operation require them afterwards.