10 Grënn, firwat och Dir eis nei Infoboxe wëllt

This page is a translated version of the page 10 reasons why you'll want our new infoboxes too and the translation is 100% complete.

D'Communautéit vun der katalanescher Wikipedia huet vill Zäit domadder verbruecht fir Infoboxen (dat sinn déi Tabellen, déi een uewe riets am Eck vun engem Artikel gesäit) op den neiste Stand ze bréngen, duerch ee Wikiprojet, dee vun enthusiastesche Benotzer realiséiert gouf (kuckt Iech dësen Interview un). Dës Initiativ huet scho vill Schwong opgeholl a mir sinn der Meenung, datt et sech lount, dat och an anere Sproochen ëmzesetzen. Mir sinn iwwerzeegt, datt Dir déi nei Infoboxen och ausprobéiere wëllt, soubal der gewuer gouft, wéi se funktionéieren. Sécher, mir kéinten Iech fir jiddwer eenzelen Artikel mat enger Infobox e separate Grond nennen, mee dës Zéng-Punkte-Lëscht misst méi wéi duergoen:

  1. Einfach ze benotzen: Eriwwer sinn déi al Zäiten, wou een nach riseg Quantitéiten u Code schreiwen an obskuer Parameteren antippe misst just fir eng Infobox mat Donnéeën ze fëllen. Setzt einfach eng Infobox an eng Säit a se sicht sech d'Informatioune vum selwen op Wikidata.
  2. All Sproochen op ee Streech aktualiséieren: Ännerungen un den Informatiounen op Wikidata verbreede sech op all d'Sproochversioune vun der Wikipedia. Wann Dir zum Beispill op Wikidata den Datum vum Doud vun enger Persoun dobäi setzt oder eng Lëscht vu Präisdréier aktualiséiert, da gëtt dat eenzock op alle Versioune vu Wikipedia aktualiséiert.
  3. Global Donnéeën, lokale Kontext: Wann Dir Ären Artikele léiwer eng lokal Fierwung gi wëllt, da kënnt Dir ëmmer nach manuell Donnéeën an d'Infobox dobäisetzen, déi dann d'Informatioune vu Wikidata iwwerschreiwen. Dir kënnt also all d'Informatiounen, déi Dir an deenen alen Infoboxen hat, halen... an nach vill méi!
  4. Am Stil: D'Infoboxe stelle sécher, datt änlech Artikelen eng änlech Struktur hunn, wat et méi einfach mécht se mateneen ze vergläichen.
  5. Dynamik op de Kaarten: Mat den Infoboxe kënnt Dir eng Plaz sou markéieren, datt Dir duerch ee Klick op d'Positioun op eng dynamesch Kaart vun Open Street Maps weidergeleet gitt. Domat kënnt Dir dann engem gläichgesënnte Projet ënnert d'Äerm gräifen.
  6. Russesch Poppen: D'Parametere vun den Infoboxe kënne verschachtelt ginn: Zum Beispill kann et an engem Artikel iwwert eng Organisatioun e Parameter "Haaptsëtz" ginn, dat sengersäits eng Infobox fir Gebaier oprifft mat Informatiounen, déi op Gebaier passen. Doduerch gëtt eng Kaskad vun Donnéeë fräigesat, déi zwar zesummenhänken, dat awer net onbedéngt op den éischte Bléck.
  7. Einfachen Entretien: Änlech Infoboxe ginn zu engem gemeinsamen Typ zesummegefaasst. Doduerch ass d'Fleeg manner opwänneg, well een dann – ofgesinn dovun, datt d'Infoboxen ee gemeinsamen, harmoniséierten Design hunn – manner Tabs gläichzäiteg op hu muss. Wat eng Erliichterung!
  8. Et ass ee kollaborative Projet: De Projet ass duerchzu vun Decisiounen, déi kollektiv geholl goufen, ugefaange bei de Faarwe vun den Tabelleränner bis bei d'Parameteren a jiddwer Infobox. Doduerch kënne vill verschidden Editeuren involvéiert ginn, onofhängeg vun hiren technesche Fäegkeeten.
  9. Informatiounen op ee Bléck: Flüchteg Lieser fannen d'Informatioune méi séier an den Infoboxen a se mussen de ganzen Text vum Artikel réischt da liesen, wa se méi iwwert d'Theema gewuer gi wëllen. Dat mécht d'Liewe fir déijéineg Lieser méi einfach, déi just op der Sich no engem spezifesche Fakt oder enger Zuel sinn.
  10. Eng komplett nei Welt: Mir hunn dat vollt Potenzial vun dësen neien Infoboxen nach net komplett erfuerscht. Et ass ee Projet am stännege Wandel, genau wéi d'Wikipedia selwer.

Hei ass ee Beispill: w:ca:Charles Robert Darwin.