VisualEditor/Newsletter/2018/Februar

This page is a translated version of the page VisualEditor/Newsletter/2018/February and the translation is 97% complete.
Outdated translations are marked like this.


An enger anerer Sprooch liesenVerdeelerlëscht vun dëser méisproocheger Newsletter

Wousst Dir?

Wousst Dir datt Dir de visual diff tool op all Säit benotze kënnt?

Screenshot weist e puer Ännerungen an der Ännerungsusiicht vum Wikitext an zwou Kolonnen

Heiansdo ass et schwéier fir wichteg Ännerungen an engem Wikitext Ënnerscheed ze gesinn. Dëse Screenshot vun engem Wikitext Ënnerscheed (klickt fir ze vergréisseren) weist datt d'Abschnitter nei arrangéiert goufen, awer et gëtt net ervirgehuewe wann e Wuert ewechgeholl oder en neie Saz dobäigesat gouf.

Wann Dir d'Beta-Funktioun fir "⧼visualeditor-preference-visualdiffpage-label⧽" aschalt, da kritt Dir eng nei Optioun. Et weist Iech eng nei Këscht uewen op all Ënnerscheed-Säit. Dës Këscht erlaabt Iech et fir deen een oder anere System vum Ënnerscheed fir all Ännerung ze weisen.

Knäppchen deen déi visuell an d'Wikitext Optioune weist; visuell Optioun ass erausgesicht

Klickt op de Knäppche fir tëscht de visuellen an de wikitext Ënnerscheeder ze wiesselen.

An de visuellen Ännerunge ginn d'Texter déi dobäigesat, ewechgeholl, genee esou wéi nei Linken an Ännerunge vum Format ervirgehuewen. Aner Ännerungen, wéi Ännerunge vun der Gréisst vun engem Bild, ginn an den Notten niewendru beschriwwen.

Screenshot deen e puer Ännerungen an engem Artikel weist. Déi meescht Ännerungen sinn duerch Text-Formatéierung ervirgehuewen.

Dëse Screenshot weist déi selwecht Ännerung wéi d'Wikitext Ännerung. De visual diff hieft d'Ewechhuele vun engem Wuert an d'Dobäisetze vun engem Saz ervir.

Dir kënnt de Benotzerguide liesen a bei senger Iwwersetzung hëllefen. Am Benotzerguide fannt Dir méi Informatiounen iwwer d'Benotze vum visuellen Editeur.

Zanter der leschter Newsletter huet d'Equipe vun den Ännerungen déi meescht Zäit dofir benotzt fir de Wikitext Editeur Modus 2017 z'ënnerstëtzen. Deen ass am Visual Editeur als Beta-Funktioun disponibel a verbessert de visual diff tool. Hiren Aarbechtsplang ass am Phabricator disponibel. Dir fannt d'Linke vun der Aarbecht déi ofgeschloss ass all Woch bei mw:VisualEditor/Weekly triage meetings. Hir aktuell Prioritéite sinn d'Flécke vu Feeler, de Wikitext Editeur 2017 ënnerstëtzen an d'Verbessere vum visual diff tool.

Rezent Ännerungen

  • De Wikitext Editeur 2017 ass als Beta-Funktioun disponibel op Desktop-Apparaten. En huet déi selwecht Toolbar wéi de visual editor a kann den citoid-Service benotzen, genee esou wéi aner modernt Geschir. D'Equipe huet d'Performance vun de verschiddenen Ännerungssystemer verglach. Si hu gekuckt wéi laang et dauert fir d'Säit opzemaachen an unzefänke mat Tippen. Dofir goufen d'Date vu méi wéi enger Millioun Ännerungen aus dem Dezember a Januar benotzt. Verschidden Ännerunge goufe gemaach fir d'Vitesse vum Wikitext Editor 2107 a vum visuellen Editor ze verbesseren. Rezent war de Wikitext Editor 2017 beim Opmaache méi séier fir déi meescht Ännerungen an den WikiEditor 2010 war fir verschidden Ännerungen am séiersten. Méi Informatioune ginn am mw:Contributors/Projects/Editing performance gewisen.
  • De visual diff tool gouf fir de Visuellen Editeur entwéckelt. En ass elo fir all Benotzer vum visuellen Editeur a vum Wikitext Editeur 2017 disponibel. Wann Dir Är Ännerunge nokuckt da kënnt Dir tëscht Wikitext a visuellen Ënnerscheeder ëmschalten. Dir kënnt och déi nei Beta-Funktioun aschalte fir "Visual diffs". D'Beta-Funktioun léisst Iech de visual diff tool benotze fir d'Ännerunge vun anere Leit tëscht de verschiddene Versiounen an an de Special:RecentChanges ze gesinn. [1]
  • D'Wikitext Syntax Ervirhiewen ass als Beta-Funktioun esouwuel fir de Wikitext Editeur 2017 séi fir de Wikitext Editeur 2010 disponibel. [2]
  • Den citoid Service iwwersetzt automatesch URL, DOI, iSBN a PubMed Identifikatiounsnummeren a wikitext Zitatiouns-Schablounen. Et ass ganz beléift bei Auteuren och wann et et bësse komplizéiert ka si fir et anzestellen. Är Wiki kann dëse Service kréien. Liest w.e.g. d'Instruktiounen. Dir kënnt d'Equipe froe fir citoid op Ärer Wiki z'installéieren

Kommt mir schaffen zesummen

Elitre (WMF)