Translation requests/WMF/Fundraising pages/En Don maachen
(ang) (ar) (ast) (bg) (br) (ca) (cs) (de) (en) (el) (eo) (es) (et) (eu) (fr) (gl) (hu) (ia) (id) (it) (ja) (ko) (nl) (nn) (pl) (pt) (ro) (ru) (sl) (sr) (su) (sv) (th) (tr) (ur) (vi) (wa) (zh) edit
...hëlleft eis andeems Dir schon haut en Don maacht !
$00 000,00 ¹
Wikimedia Foundation Inc. ass eng Organisatioun à but non lucratif qui déi als But huet, d'Kreatioun an d'Verbreedung vu fräiem Inhalt ze verbreeden, waat duerch d'Logicielle vum Wiki-Typ erméiglecht gëtt. Si stellt e Reseau an informatesch Ressourcen zur Verfügung, ënner anerem fir Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, Wikisource a Wikimedia Commons.
Firwaat en Don maachen ?
Et gëtt keng Motivatioun fir Profit hannert Wikimedia an de Projeten (kuckt eis Projeten). Mir wëllen och net op Publizitéit zeréckgräifen. Ausserdem wëlle mer net, datt ee muss bezuelen, weder d'Auteure vun den Artikelen, nach d'Lieser. Et gëtt keng fest agestallte Leit. D'ganz Arbecht gëtt vu Fräiwëlleger gemaach, déi iwwert de ganze Globus verdeelt sinn.
Eisen Trafic brauch Server fir datt mer weiderhinn e gudden Accès op eis Säite garantéiere kënnen.
Och wa mir fräi Software benotzen, sou ass d'Material dach net gratis. Um aktuelle Standpunkt vun eisem Material kënne mir net onbegrenzt d'Schnellegkeet an d'Fiabilitéit vun eise Projete garantéieren. Wann dir e Benotzer vu Wikipedia sidd, hudd dir bestëmmt schon emol déi eng oder aner Kéier eng Pann vum Server matkritt. Fir daat ze verbessere, brauche mer méi Serveren, a méi schnell Serveren. Generéis Donatiounen hunn et eis erlaabt, een Ensemble vu Serveren ze kafen. Eis aner Besoine concernéieren d'Bandbreet (wou 50% vum Jimbo Wales gestallt ginn), d'Maintenancekäschten, d'Domainnimm déi fir eis Site musse kaf ginn, Käschten déi gelegentlech bei engem Developpement vun der MediaWiki Software ufalen, an och ganz rar Participatiounen un den Deplacementskäschten. Detailler zu eisen nächsten techneschen Akeef fannt dir op Hardware capacity growth planning.
E klengen Don kann e groussen Ënnerscheed maachen ! E groussen natierlech och. Wann dir Organisatiounen oder Privatleit kennt, déi Wikimedia en Don kéinte maachen, merci datt Dir eis doriwwer a Kenntnis setzt.
Fillt Iech awer lo op Kee Fall gezwongen, missen ze spenden. Wann Dir net genuch Suen hudd, fir ze spenden, oder och einfach net wëllt, ännert näischt drun datt dir nach ëmmer eisen Inhalt fräi benotze kënnt. Spend just wann Dir d'Moyenen dozou hudd, a wann Iech e weidere Wuesstum vu Wikimedia wichteg ass.
Hëlleft den Developpeuren
Dir kënnt den Developpeuren e spezielle Merci soen, an deems dir en Don maacht.
En Don maachen
Online-Donatioun |
En Don iwwert de Postwee |
||||||||||||||
|
Dir kënnt ären Don och iwwert de Postwee maache, op de Bureau vu Wikimedia.
Schéckt w.e.g. kee Boergeld mat der Post an och keng Schecken an enger anerer Währung wéi dem amerikaneschen Dollar, wéinst den héige Kommissiounskäschten. |
Kommentären, Froen ?
Wann Dir eng Fro zu den Donatiounen hudd, kënnt dir déi dem Grënner vu Wikimedia, Jimmy Wales, gäre stellen (nëmmen op englesch w.e.g.) oder de Conseil d'administration vu Wikimedia ëm Hëllef froen (op franséisch oder englesch).
Disclaimer: Please note that neither this page nor any link on any Wikimedia site pointing to this page should be considered a solicitation to make a donation. Our license guarantees that you are, and will continue to be, free to use our content regardless of whether you can afford to donate.
(Weder dës Säit, nach e Link op dës Säit vun engem Site dee mat Wikimedia verbonnen ass kann als Opfuederung gesi ginn, Iech zu enger Spend ze forcéieren. Eis Lizenz garantéiert datt dir zu all Moment fräi sidd, den Inhalt dee mir proposéieren ze benotzen, op Dir elo en Don maacht oder net.)