Fundraising 2009/thank you/lb


Notice edit

  • E merci vum
    Wikipedia Grënner Jimmy Wales

Quote edit

  • "Imagine a world in which every single person on the planet has free access to the sum of all human knowledge."
  • — Jimmy Wales, Grënner vu Wikipedia

Merci vum Wikipedia-Grënner Jimmy Wales edit

Wow. Wat soll ech soen? Merci.

Mir hunn elo grad déi erfollegräichst Spendenaktioun an eiser Geschicht zu Enn bruecht, 7,5 Milliounen US-Dollar sinn a manner wéi 8 Wochen zesummekomm.

Net ze gleewen. Awer ech sinn net iwwerrascht.

Am Joer 2001, hunn ech op d'Leit gewett, an Dir hutt mech ni am Stach gelooss.

Dir hutt déi gréisst Sammlung vu mënschlechem Wëssen dat et jee gouf zesummebruecht: 14 Milliounen enzyklopedesch Artikelen an 270 Sproochen, an et ginn der all Dag méi, a se ginn all Dag besser. Dir hutt dëst ënnerstëtzt, finanzéiert a geschützt.

Reklamme maache sech fir d'Wikipedia net bezuelt. Dir schonn. Wikipedia ass de 5. gréissten Internetsite op der Welt wat d'Zuel vun de Visiteuren ugeet – 340 Millioune Leit de leschte Mount – a mir bedreiwen eis Serveren a bezuelen eis Employéë ganz mat den Donen.

Är Donen halen d'Wikipedia fräi vu Reklammen a suergen dofir datt se gratis bleift. Är Done suergen dofir datt d'Wëssen op der ganzer Welt fräi zougänglech bleift.

Merci fir alles mat deem Dir et méiglech maacht fir d'Wikipedia wierklech ze maachen. Ech hu mech un Äre Commentairen inspiréiert a fille mech privilegéiert fir Är Begeeschterung fir d'Wikipedia ze bezeien.

  • “When I'm at a loss for answers in life, you are always here to rescue me!” - Lauren Sierra
  • “To my 6-year-old son, Wikipedia is a wonderful window into the world's knowledge.” - Pilgrim Beart
  • “Wikipedia é muito importante para todos. É uma conquista da humanidade.” - Fernando Borba
  • "Wikipedia is all about fulfilling one simple need: immediate access to high quality information on any topic you can think of. That is why I’m glad to support it." - Joao Nunes

Et ass eng phantastesch Geschicht. Et gëtt näischt anescht esou.

A wann Dir nach kee Beitrag gemaach hutt fir d'Wikipedia z'ënnerstëtzen, et ass net ze spéit. Dir kënnt nach ëmmer e Cadeau maache fir dat fräit an oppent Deele vu Wëssen z'ënnerstëtzen. Klickt just hei.

Ech encouragéieren Iech och fir eis Frënn z'ënnerstëtzen:

Nach eng kéier Merci.

D'Wikipedia bréngt eis weider.

Jimmy Wales

Grënner vu Wikipedia