This page is a translated version of the page Wikipedia 15/MassMessages/Initial announcement and the translation is 88% complete.
Outdated translations are marked like this.

Sujet:15. Gebuertsdag vu Wikipedia

De 15. Gebuertsdag vu Wikipedia an der Wikimedia-Bewegung kënnt geschwënn! Mir hu Wëlles fir dat de 15. Januar 2016 ze feieren.

Fir mat der Organisatioun vu 15 Joer Wikipedia unzefänke gëtt et eng Säit op Meta fir Wikipedia 15. Op där Säit fannt Dir:

  1. Informatiounen iwwer d'Plange vun Evenementer a lokalen Treffe fir de 16. Gebuertsdag ze feieren.
  2. Méi Informatioune wéi Fotoen, Videoen, Geschichten, Wikipedia Inhalter an aner Medie gedeelt gi kënnen.
  3. Tuyaue fir lokal Medien dozou ze brénge fir Äert Evenement ze couvréieren.

Vill vun de Abschnitter op der Meta-Säit sinn elo nach eidel, awer mir schaffe mat Iech an den nächste Wochen a Méint zesumme fir méi Informatiounen op d'Säit ze setze fir d'Gebuertsdagsfeier am Januar. Zéckt net fir dat derbäizesetzen, z'änneren an ze diskutéiere wat Dir um 15. Gebuertsdag vu Wikipedia gesi wëllt!

Mir hoffen dat mat Iech feieren ze kënnen!

- D'Kommunikatiounsequipe vun der Wikimedia Foundation