Wikimedia Foundation elections/Board elections/2011/lb

D'Walen hunn den 12. Juni 2011 opgehal. Et gi keng Stëmme méi akzeptéiert.
D'Resultater goufen de 17. Juni 2011 bekanntgemaach.
Wale fir de Verwaltungsrot 2011
Organisatioun

D'Walen 2011 fir de Verwaltungsrot ginn tëschent dem 29. Mee an dem 12. Juni 2011 ofgehal. D'Membere vun der Wikimedia Gemeinschaft hunn d'Méiglechkeet fir dräi Kandidate fir eng Amtszäit vun 2 Joer, déi 2013 eriwwer ass, ze wielen. De Verwaltungsrot ass déi iewescht Instanz vun der Wikimedia Foundation, enger 501(c)(3) Organisatioun ouni Gewënnzweck déi an de Vereenegte Staate vun Amerika enregistréiert ass. D'Wikimedia Foundation geréiert vill verschidde Projete wéi Wikipedia a Commons.

D'Wale gi securiséiert op Serveuren organiséiert déi der Firma Software in the Public Interest gehéieren. D'Stëmme si geheim, a kee vum Walcomité, dem Verwaltungsrot oder iergeendeen Aneren deen näischt mat 'Software in the Public Interest' ze dinn huet kritt Zougang dorop. Informatiounen iwwer d'Wieler sinn nëmme fir e puer Leit ze gesinn déi d'Walen auditéieren an auswäerten (Walcomité). D'Wieler gi klasséiert Stëmmen of, andeem se d'Kandidaten nummeréieren. Dës Stëmme ginn no der Schulze Method ausgewäert, fir d'Kandidaten no der Zuel vun de Wieler déi dee Kandidat anere Kandidate virzéien, ze klasséieren.

De Comité vun de Wale mécht d'Resultater de 15. Juni 20011 oder virdru bekannt. Detailléiert Resultater gi bekannt gemaach.

Informatioune fir Wieler edit

Ufuerderungen edit

Editeuren

Dir kënnt vun all registréiertem Benotzerkont deen Dir op enger Wikimedia-Wiki hutt wielen (Dir däerft nëmmen eemol wielen, egal wéi vill Benotzerkonten datt Dir hutt). Fir kënne matzemaachen: :

  • däerf Äre Benotzerkont net op méi wéi engem Projet gespaart sinn; an
  • däerf Äre Benotzerkont kee Bot sinn; an
  • musse mat Ärem Benotzerkont mindestens 300 Ännerungen virum 15. Abrëll 2011 op Wikimedia-Wikie gemaach gi sinn (Ännerungen op verschiddene Wikie kënne kombinéiert gi wann Är Konten an e globale Benotzerkont zesumme geluecht sinn); an
  • musse mat Ärem Benotzerkont mindestens 20 Ännerungen tëschent dem 15. November 2010 an dem 15. Mee 2011 gemaach gi sinn.
Entwéckler

Entwéckler däerfe bei de Wale matmaache wann si:

  • Wikimedia Server-Administrateure si mat engem 'shell access'; oder
  • e 'commit access' hunn an tëschent dem 15 Mee 2010 an dem 15 Mee 2011 mindestens eng 'commit'-Aktioun gemaach hunn.
Employéen a Leit déi ee Kontrakt mat der Wikimedia Foundation hunn

Wikimedia Foundation Employéen a Leit déi ee Kontrakt mat der Wikimedia Foundation hunn däerfe mat ofstëmmen wa si tëschent dem 15 Februar 2011 an dem 15 Mee 2011 fir d'Wikimedia Foundatioun schaffen.

Membere vum Verwaltungsrot a vum Weiserot

Aktuell a fréier Membere vum Verwaltungsrot a vum Weiserotdäerfe mat ofstëmmen.

Wéi gëtt gewielt edit

Wann Dir mat ofstëmmen däerft:

  1. Liest d'Presentatioune vun de Kandidaten an decidéiert wat fir Kandidaten dir ënnerstëtzt.
  2. Gitt op d'Wiki-Säit "Special:Securepoll" op eng vun de Wikien op där Dir berechtegt sidd fir ofzestëmmen. Zum Beispill, wann Dir am aktivsten op der Wiki meta.wikimedia.org/ sidd , gitt op meta.wikimedia.org/wiki/Special:Securepoll.
  3. Respektéiert d'Instruktiounen op där Säit.

Informatioune fir Kandidaten edit

Aufgaben a Verantwortung als Member vum Verwaltungsrot edit

Aus deme Board Manual

The Board of Trustees is the governing authority of the Wikimedia Foundation. Responsibilities of the Board include:

  • determining mission, goals, long-term plans and high level policies of WMF and its projects
  • selecting the Executive Director of the WMF, who oversees its day-to-day operations, and evaluating his or her performance
  • ensuring the sustainability of the organization by defining a number of independent revenue sources
  • communicating about the direction and the activities of the WMF to the community
  • providing oversight to staff with regard to accounting, budgeting, and programs
  • maintaining legal and ethical integrity
  • recruiting and orient new trustees
  • articulating the mission of the WMF in public

The responsibilities of the Board do not include:

  • interfering in day-to-day operations, except in emergencies
  • setting Wikimedia project-level editorial policies
  • resolving basic community disputes
  • volunteering in specific areas of regular WMF organizational work

Characteristics of effective trustees:

  • Strategic – e.g., to provide long term direction
  • Thoughtful – e.g., to avoid being reactionary to controversial issues
  • High integrity – e.g., to put the interests of the foundation as a whole over personal or specific constituent interests
  • Responsiveness – e.g., to email requests from other trustees
  • Follow through – e.g., to complete tasks such as committee assignments as committed.
  • Respectful – e.g., to listen carefully to other trustees' points-of-view even as they may differ from one's own
  • Collaborative – e.g., to partner with other trustees and the Executive Director on the Board's work

Virausetzunge fir Kandidat ze ginn edit

D'Viraussetzunge fir Kandidat ze ginn sinn déi selwecht wéi fir d'Wieler (kuckt hei driwwer), awer dës zousätzlech Bedingunge musse och erfëllt sinn:

  • mindestens 18 Joer al sinn an an Ärem Land groussjäreg sinn; an
  • Äre richtege Numm an Ärer Kandidate-Virstellung ëffentlech bekanntmaachen (wëll d'Identitéit vun de Membere vum Verwaltungsrot eng ëffentlech Saach ass, ass et net méiglech eng Positioun an engem Verwaltungsrot anonym oder ënner engem Pseudonym anzehuelen); an
  • de Beweis vun Ärer Identitéit un d'Wikimedia Foundation schécken (kuckt hei drënner).

Wéi kann ee seng Kandidatur stellen edit

Wann Dir d'Ufuederunge fir eng Kandidatur erfëllt, da kënnt Dir Är Kandidatur stellen wann Dir dëst maacht:

  1. Schreift e kuerze Resumé vun net méi wéi 1200 Buschtawen an dem Dir erkläert wat Dir maache wëllt wann Dir an de Verwaltungsrot vun der Wikimedia Foundation gewielt gitt, Är relevant Meenungen an Erfarungen, an alles wat Dir relevant fannt. Dir däerft de Resumé vun Ärer Kandidatur net dofir benotze fir op Lëschte mat Fuerderungen ze verweisen oder op aner Plattform-Säiten, an Dir däerft och keng Allianz mat anere Kandidaten agoen.
  2. Schéckt Äre Resumé tëschent dem 2. Mee 2011 00:00 (UTC) an dem 22. Mee 2011 23:59 (UTC). Nom 22. Mee kann dësen net méi geännert ginn mat Ausnahm vu klenge Verbesserungen oder Iwwersetzungen. Alles wat no dësem Termin geschéckt gëtt, gëtt mat engem Zäitstempel markéiert a gëtt separat vum Original-Resumé presentéiert, a gëtt de Wieler nëmmen da gewisen wann et wéi den Original-Resumé an all Sproochen iwwersat gouf. Dir sollt drun denken datt fréit Eraschécken d'Zäit gëtt fir Iwwersetzungen a méi Sproochen an datt dat wat Dir de leschten Ament oder just virdrun eraschéckt net an esouvill Sproochen iwwersat kéint ginn.
  3. Schéckt de Beweis vun Ärer Identitéit un d'Wikimedia Foundation virum 22. Mee 2011. Dir gitt gitt privat vun engem Member vum Walcomité kontaktéiert mat alle weideren Informatiounen wéi Dir dës Ufuerderung erfëlle kënnt esoubal wéi Dir Iech als Kandidat gemellt hutt.

Kandidaten déi dës Ufuerderungen net erfëllen oder den Termin net anhalen, ginn disqualifizéiert.

Organisatioun edit

Zäitplang edit

  • 05 Abrëll – 02 Mee 2011: 1.Phas vun der Iwwersetzung.
  • 02–22 Mee 2011: Erareeche vun de Kandidaturen.
  • 22 Mee 2011: leschten Delai fir de Beweis vun der Identitéit virzeleeën (verspéiten oder net virgeluechten Ënnerlage féieren zur Disqualifikatioun).
  • 29. Mee–12 Juni 2011: Walen.
  • 13–15 Juni 2011: Iwwerpréiwe vun de Stëmmen.
  • 15. Juni 2011: Verëffentlechung vun de Resultater.

Iwwersetzer edit

Fir sécherzestellen datt e representativen Ausschnëtt vun der Wikimedia Gemeinschaft sech un dëse Wale bedeelegt, ass et wichteg fir all d'Informatiounen iwwer d'Walen, an de Kandidaten hir Erklärungen an esouvill Sprooche wéi méiglech z'iwwersetzen. Fir beim Iwwersetzen ze hëllefen kuckt w.e.g. d'Iwwersetzungssäit.