Wikimedia Foundation elections/Board elections/2009/lb

D'Walen hunn den 10. August 2009 opgehal. Et gi keng Stëmme méi akzeptéiert.
D'Resultater goufen den 12. August 2009 bekanntgemaach.
Wale fir de Verwaltungsrot 2009
Organisatioun

D'Walen 2009 fir de Verwaltungsrot ginn tëschent dem 28. Juli an dem 10. August 2009 ofgehal. D'Membere vun der Wikimedia Gemeinschaft hunn d'Méiglechkeet fir dräi Kandidate fir eng Amtszäit vun 2 Joer, déi 2011 eriwwer ass, ze wielen. De Verwaltungsrot ass déi iewescht Instanz vun der Wikimedia Foundation, enger 501(c)(3) Organisatioun ouni Gewënnzweck déi an de Vereenegte Staate vun Amerika enregistréiert ass. D'Wikimedia Foundation geréiert vill verschidde Projete wéi Wikipedia a Commons.

D'Wale gi securiséiert op Serveuren organiséiert déi der Firma Software in the Public Interest gehéieren. D'Stëmme si geheim an nëmme fir e puer Leit ze gesinn déi d'Walen auditéieren an auswäerten. D'Wieler gi klasséiert Stëmmen of, andeem se d'Kandidaten nummeréieren. Dës Stëmme ginn no der Schulze Method ausgewäert, fir d'Kandidaten no der Zuel vun de Wieler déi dee Kandidat anere Kandidate virzéien, ze klasséieren.

De Comité vun de Wale wëllt d'Resultater den 12. August 2009 oder virdru bekanntmaachen. Detailléiert Resultater gi bekannt gemaach. All Zäiten op dëser Säit sti fir 00:00 (Hallefnuecht) UTC.

Informatioune fir Wieler edit

Ufuederungen edit

Dir kënnt vun all registréiertem Benotzerkont deen Dir op enger Wikimedia-Wiki hutt wielen (Dir däerft nëmmen eemol wielen, egal wéivill Benotzerkonten datt dir hutt). Fir kënne matzemaachen däerf Äre Benotzerkont:

  • net gespaart sinn an
  • et däerf kee Bot sinn; an
  • Dir musst mindestens 600 Ännerungen virum 1. Juni 2009 op Wikimedia-Wikië gemaach hunn (Ännerungen op verschiddene Wikien kënne kombinéiert ginn wann Är Konten an e globale Benotzerkont zesumme geluecht sinn); an
  • Dir musst mindestens 50 Ännerungen tëschent dem 1. Januar an dem 1. Juli 2009 gemaach hunn.

Spezial Ausnahmen: dës Leit däerfe mat ofstëmmen onofhängeg vun den uewen ernimmten Ufuederungen:

  • Wikimedia Server Administrateure mat Shell-Zougang;
  • bezuelte Personal vun der Wikimedia Foundation déi virum 1. Mäerz 2009 agestallt goufen;
  • aktuell oder fréier Membere vum Verwaltungsrot.

Wéi gëtt gewielt edit

Wann Dir mat ofstëmmen däerft:

  1. Liest d'Presentatioune vun de Kandidaten an decidéiert watfir Kandidaten dir ënnerstetzt.
  2. Gitt op d'Wiki-Säit "Special:Securepoll" op eng vun de Wikiën op däer Dir berechtegt sidd fir ofzestëmmen. Zum Beispill, wann Dir am aktivsten op der Wiki meta.wikimedia.org/ sidd , gitt op meta.wikimedia.org/wiki/Special:Securepoll.
  3. Respektéiert d'Instruktiounen op däer Säit.

Informatioune fir Kandidaten edit

Eng detailléiert Beschreiwung vun de Responsabilitéite vun engem Member vum Verwaltungsrot kënnt der um Board Manual fannen.

Verantwortung als Member vum Verwaltungsrot edit

Member vum Verwaltungsrot vun enger klenger Organisatioun, wéi der Wikimedia Foundation, déi viru groussen Erausfuederunge steet, ze sinn, ka vill Zäit erfuederen. Déi Propositioun ass fräiwëlleg a gëtt net bezuelt. Et gëtt net vun de Membere vum Verwaltungsrot erwaart fir perséinlech Suen an d'Organisatioun eranzebréngen, si sinn awer wëllkomm wa si hëllefe Suen eranzebréngen.

Membere vum Verwaltungsrot solle perséinlech u mindestines 3-4 Reuniounen pro Joer deelhuelen, an un anere geplangten online Reuniounen an Ofstëmmungen deelhuelen. De Verwaltungsrot kommunizéiert intensiv per E-mail, Wiki, an IRC. Eenzel Memberen huelen heiandsdo u strategesche Reunioune vun aneren Organisatiounen a Firmen deel, an iwwermëttelen d'Resultater dovun un de Verwaltungsrot an d'Personal.

Vun den eenzelne Membere vum Verwaltungsrot gët erwaart datt si bäi verschiddenen Aktivitéiten implizéiert sinn (esou wéi beschaffe vu finanzielle Mëttel, Wikimania, oder Audit) an datt si hëllefe fir Richtlinnen, Statuten a Resolutiounen zu bestëmmte Sujeten ze preparéieren.

Well d'Funktioune vu Membere vum Verwaltungsrot gewëss Decisiounselementer hunn, musse Kandidaten déi eng bezuelte Stellung bäi der Wikimedia Foundation hunn vun dëser zrécktrieden ier si als Member vum Verwaltungsrot opgeholl kënne ginn. Dat ass fir ze verhënneren datt et zu Interessekonflikter kënnt.

Virausetzunge fir Kandidat ze ginn edit

Fir als Kandidat kënnen ugeholl ze ginn, musst Dir:

  • mindestens 600 Ännerungen virum 1. Mäerz 2009 op engem registréierte Benotzerkont gemaach hunn (Ännerungen op verschiddene Wikien kënne kombinéiert ginn wann Är Konten an e globale Benotzerkont zesumme geluecht gi sinn); an
  • mindestens 50 Ännerungen tëschent dem 1. Januar an dem 1. Juli 2009 gemaach hunn; an
  • Äre richtege Numm an Ärer Kandidate-Virstellung ëffentlech bekanntmaachen (wëll d'Identitéit vun de Membere vum Verwaltungsrot eng ëffentlech Saach ass, ass et net méiglech eng Positioun an engem Verwaltungsrot anonym oder ënner engem Pseudonym anzehuelen); a
  • mindestens 18 Joer al sinn an an Ärem Land groussjäereg sinn.
Special exceptions: current members of the Board of Trustees may be candidates regardless of the above requirements.

Wéi kann ee seng Kandidatur stellen edit

Wann Dir d'Ufuederunge fir eng Kandidatur erfëllt, da kënnt Dir Är Kandidatur stellen wann Dir dëst maacht:

  1. Schreift e kuerze Resumé vun net méi wéi 1200 Buschtawen an dem Dir erkläert wat Dir maache wëllt wann Dir an de Verwaltungsrot vun der Wikimedia Foundation gewielt gitt, Är relevant Meenungen an Erfarungen, an alles wat Dir relevant fannt. Dir däerft de Resumé vun Ärer Kandidatur net dofir benotze fir op Lëschte mat Fuerderungen ze verweisen oder op aner Platform-Säiten, an Dir däerft och keng Allianz mat anere Kandidaten agoen.
  2. Schéckt Äre Resumé tëschent dem 6. Juli 2009 00:00 (UTC) an dem 27. Juli 2009 23:59 (UTC). Nom 27. July kann dësen net méi geännert ginn mat Ausnahm vu klenge Verbesserungen oder Iwwersetzungen. Alles wat no dësem Termin geschéckt gëtt, gëtt mat engem Zäitstempel markéiert a gëtt separat vum Original-Resumé presentéiert, a gëtt de Wieler nëmmen da gewisen wann et wéi den Original-Resumé an all Sproochen iwwersat gouf.
  3. Schéckt de Beweis vun Ärer Idenditéit un de Cary Bass (Koordinateur vun de Fräiwëllege) virum 27. Juli 2009. Dir gitt gitt privat vun engem Member vum Walcomité kontaktéiert mat alle weideren Informatiounen wéi Dir dës Ufuederung erfëlle kënnt esoubal wéi Dir Iech als Kandidat gemellt hutt.

Kandidaten déi dës Ufuerderungen net erfëllen oder den Termin net anhalen, ginn disqualifizéiert.

Organisatioun edit

Zäitplang edit

  • 01–30 Juni 2009: 1.Phas vun der Iwwersetzung; en Ënnercomité koordinéiert d'Iwwersetzungen a mécht Reklamm dofir.
  • 06–27 Juli 2009: Erareeche vun de Kandidaturen.
  • 27 Juli 2009: leschten Termin fir de Beweis vun der Identitéit virzeleeën (verspéiten oder net virgluechten Ënnerlage féieren zur Disqualifikatioun).
  • 28 Juli–10 August 2009: Walen.
  • 10–12 August 2009: Iwwerpréife vun de Stëmmen.
  • 12 August 2009: Verëffentlechung vun de Resultater.

Iwwersetzer edit

Fir sécherzestellen datt e representativen Ausschnëtt vun der Wikimedia Gemeinschaft sech un dëse Wale bedeelegt, ass et wichteg fir all d'Informatiounen iwwer d'Walen, an de Kandidaten hir Erklärungen an esouvill Sprooche wéi méiglech z'iwwersetzen. Fir beim Iwwersetzen ze hëllefen kuckt w.e.g. d'Iwwersetzungssäit.