Wikimedia Foundation elections/Board elections/2011/Vote interface/lb

D'Walen hunn den 12. Juni 2011 opgehal. Et gi keng Stëmme méi akzeptéiert.
D'Resultater goufen de 17. Juni 2011 bekanntgemaach.
Wale fir de Verwaltungsrot 2011
Organisatioun

Title edit

Wale fir de Verwaltungsrot vu Wikimedia 2011

Jump text edit

Dës Wale ginn op Serveren, déi vun SPI bedriwwe ginn, ofgehalen. Klickt op de Knäppchen hei ënnendrënner fir op de Server vun de Walen ze kommen.

Introduction edit

Wëllkomm bei de Wale vun 2011 fir de Wikimedia Verwaltungsrot (Board of Trustees). Mir wielen dräi Persounen, déi d'Benotzer vun de verschiddene Wikimedia-Projete representéiert. Si wäerten dobäi hëllefe fir z'entscheeden, wellech Richtung fir déi verschidde Wikimedia-Projeten ageschloe gëtt, ob eleng oder als Grupp, an är Interessien a Standpunkter am Verwaltungsrot representéiert. Si wäerten och dobäi hëllefen, Konzepter z'entwéckelen, fir d'Recetten an d'Spende fir Wikimedia z'erhéijen.

Liest w.e.g. d'Erklärung vun de Kandidaten an hir Äntwerten op Froen, éier Dir fir ee stëmmt. All Kandidat ass e respektéierte Benotzer, dee mat vill Zäit a Gedold dozou bäigedroen huet, aus de Projeten en Ëmfeld ze schafen, dat fir d'Verbreedung vu fräiem Wëssen aluet.

Klasséiert d'Kandidate w.e.g. no ärer Preferenz an dem Dir eng Zuel an d'Kescht hannert den Numm schreiwt (1 = ären 1. Choix , 2= ären 2. Choix, ...). Dir kënnt och méi Kandidaten déiselwecht Preferenz ginn an esouguer fir Kandidate stëmmen ouni eng Preferenz ofzeginn. Et gëtt ugeholl datt dir all déi Kandidaten, deenen hir Preferenz Dir uginn hutt, deene Kandidate virzitt deenen Dir keng Preferenz ginn hutt an datt Iech all Kandidate bei deenen Dir keng Preferenz uginn hutt Iech gläich léif sinn.

De Gewënner vun der Wal gëtt mat Hëllef vun der Schulze Method gerechent. Fir méi Informatiounen, kuckt déi offiziell Säit vun de Walen

Fir méi Informatiounen, kuckt: