Fundraising 2011/Jimmy Letter 001/lb

Translation instructions
  • For pages marked "Missing" or "In progress", click the page title and start translating. When you are done, click "edit status" and change the status to proofreading.
  • For pages marked "Needs updating", compare the page to the source page and update the translation accordingly. When you are done, click "edit status" and change the status to proofreading.
  • It is important to have someone else proofread the translated page! If you have proofread a page and it is ready for publication, click "edit status" and change that page's status to ready.
  • If you are changing something that has already been published, change its status back to ready for it to be published again.

If you have any questions or feedback regarding the translation process, please post them here. Translation FAQ

Ech sinn e Bénévole.

Ech kréie keen Cent fir meng Aarbecht bei Wikipedia, grad esou wéineg wéi all déi aner Dausende vun Auteuren a Mataarbechter. Wéi ech Wikipedia gegrënnt hunn, hätt ech kënnen eng kommerziell Entreprise draus maachen, mat Reklamms-Banneren, mä ech hat décidéiert, eppes aneschters ze maachen.

Net dass Kommerz u sech schlecht wier. Oder Reklammen eppes Béises. Mee si gehéieren net heihinner. Net an d'Wikipedia.

D'Wikipedia ass eppes Extraes. Se ass wéi eng Bibliothéik oder en ëffentleche Park. Se ass eng Zort Tempel fir de Geescht. Eng Plaz, wou een higoe kann fir nozedenken, fir ze léieren, fir säi Wësse mat Aneren ze deelen. Et ass en eemolege Mënschheets-Projet, deen Éischte vu senger Aart an der Geschicht. Et ass en humanisteschen an humanitäre Projet, mam Zil, jidfer Mënsch op dëser Welt Zougang zu enger fräier a gratisser Enzyklopedie ze erméiglechen.

Jidfer Mënsch.

Wa jidferee vun de 400 Millioune Leit, déi d'Wikipedia all Mount gebrauchen, just 5 Dollar spende géif, hätte mer 100 Mol méi, ewéi mer brauchen. Mir sinn eng kleng Organisatioun, an ech hunn déi leschte Joren haart dru geschafft, fir eis Struktur liicht ze halen.

Fir dat weider kënnen ze maachen, ouni op Reklamme mussen zeréckzegräifen, brauche mer Iech. Dir sidd et, deen dësen Dram lieweg haalt. Dir hutt d'Wikipedia mat geschafen. Dir sidd et, déi iwwerzeegt sidd, datt eng Plaz, wou ee roueg nodenken a léiere kann, et derwäert ass, erhalen ze bleiwen.

W.e.gl. maacht dëst Joer en Don vun 5€, 20€, 50€ oder wéivill Der kënnt, fir d'Wikipedia ze schützen an ze ënnerstëtzen.

Merci,

Jimmy Wales
Grënner vu Wikipedia