Stewards/Confirm/Introduction16/lb

This page is a translated version of the page Stewards/Confirm/Introduction16 and the translation is 86% complete.
Outdated translations are marked like this.

D'Confirmatioun vun de Stewards fir 2016 bis 2017 fänkt den 8. Februar 2016 un an dauert bis den 28. Februar.

De Confirmatiounsprozess 2016–17 ass eng gutt Geleeënheet fir erauszefannen, ob mir nach ëmmer mat den aktuelle Stewards zefridde sinn. Fir dëse Prozess esou einfach wéi méiglech ze maachen, ass et esou organiséiert ginn.

Fir Bemierkungen ze maache mellt Iech w.e.g. mat engem Benotzerkont un, deen Ännerungen (op iergendenger Wiki) virum 1. Februar 2016 gemaach huet. Während de Stewardwalen 2016 ernimmt w.e.g., wann Dir (als Wieler) mat engem vun de Persounen, déi hei drënner stinn net zefridde si sollt, besonnesch a Relatioun mat Stewardaktiounen.

Um Ënn vun de Wale ginn déi aktuell an déi neigewielte Stewards, den op dëser Säit gemaachte Reklamatiounen no. Mat Hëllef vun de Bemierkunge vun der Gemeinschaft an hiren eegenen Iwwerleeungen iwwer d'Fonctioun vun de Stewards gëtt dann decidéiert ob de Stewardstatus ofgeholl gëtt.

All Stewards, déi viru Februar 2016 gewielt goufen, mussen dëse Prozess passéieren (wéi all Joer).

Kuckt och: