Fundraising 2010/Kartika Appeal/lb


Kartika edit

  • Liest w.e.g.:
  • E perséinlechen Opruff
  • vun der Wikipedia Auteurin Kartika
  • E Message vun der Wikipedia-Auteurin Kartika

13.3 Milliounen an null.

Wéi vill Leit kucken all Dag op Wikipedia fir Wëssen ze kréien? Iwwer 13 Milliounen. A wéi vill bezuele si fir den Accès op de fënneft populärsten Internetsite op der Welt? Absolut näischt.

Dat ass wourëms et bäi Wikipedia geet.

Et gouf ni méi eng efficace Manéier fir Leit aus der ganzer Welt, fir fräi all dat mateneen ze deelen wat se wëssen. Net nëmme Fakten an Daten ofzespäicheren, mä zesummenzeschaffen un Artikelen an se esou kloer an zoutreffend ze maache wéi méiglech.

Awer dat Bemierkenswäert u Wikipedia ass, datt all dat Wëssen vu Fräiwëllege gedeelt an editéiert gouf, schéin eent nom Aneren. A, well Wikipedia fräi vu Reklammen ass, mussen déi vun eis, déi d'Wikipedia creéieren a benotzen, se schützen duerch een Don nom Aneren.

Dat ass wourëms et bäi der jäerlecher Spendenaktioun geet. Et ass d'Chance fir déi vun eis, déi wëssen, datt se sech op d'Wikipedia verloosse kënnen, fir zesummenzekommen an ze hëllefen, dat oprecht z'erhalen, dat mir hëllefen ze creéieren.

Ech hu mäi perséinlechen Don fir d'Spendenaktioun vun dësem Joer gemaach an ech hoffen Dir huelt Iech elo och Zäit fir Ären Don ze maachen. Gitt w.e.g. $20, €30, ¥4,000, oder dat, wat Dir gi kënnt, fir d'Wikipedia fräi ze halen.

Ech hunn ugefaangen Artikelen op Wikipedia ze schreiwen well ech gemierkt hunn, datt et vill Wësse gëtt, no deem Leit siche kéinten, an dat a menger Sprooch nach net néiergeschriwwe war. Ech hunn et net gemaach, fir gelueft oder geéiert ze ginn. Ech hunn et gemaach, well ech mech ëm meng Kultur këmmeren a well ech dat wat ech weess mat esouvill Leit wéi méiglech deele wëll.

Leit op der ganzer Welt maachen dat Dag fir Dag, an et ass dat, wat Wikipedia esou wäertvoll mécht.

Maacht w.e.g. haut en Don fir datt Wikipedia staark bleift.

Merci,

Kartika, Jakarta, Indonesien